Zweemol an der StadPermisen agezu wéinst Alkohol um Steier

RTL Lëtzebuerg
An der Hollerecher Strooss war et een Accident, wou duerno een Alkoholtest gemaach gouf, dee positiv verlaf ass.

De Permis gouf agezunn. Beim Tëschefall blouf et beim Materialschued. De CGDIS hat dëse Virfall e Freideg de Moie schonn an hirem Bulletin gemellt.

An der Avenue de la Liberté war an der Nuecht op e Freideg um 2.35 Auer ee Gefier mat ze héijer Vitess an de falsche Wee iwwert d’Tramsschinnen ënnerwee. De Chauffer hat ze vill gedronk. Ee provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO