Am Lokalen4 Blesséierter bei enger ganzer Rei Accidenter zanter en Donneschdeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS huet zwou Persoune gemellt, déi en Donneschdeg den Owend ugestouss a blesséiert gi sinn.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Dat eemol géint 17.10 Auer an der Uewerstad a géint 17.40 Auer zu Beetebuerg an der Munnerefer Strooss. Et huet awer och nach op anere Plaze gerabbelt.

Géint 17.15 Auer krute sech zu Sëll an der Mierscher Strooss zwee Gefierer ze paken. Dobäi goufen zwou Persoune verwonnt. Dat selwecht ass nach emol géint 22.30 Auer am Garer Quartier geschitt. Bei dëser Kollisioun gouf awer kee blesséiert.

Kuerz virun 19 Auer ass zu Heesdref an der Haaptstrooss en Auto an eng Mauer gerannt. Hei ass awer kengem eppes geschitt.

An der Millebaach ass géint 4.30 Auer dann nach een Automobilist an eng Rei geparkten Auto geknuppt. Aus dem 112-Bulletin gi keng Detailer ervir, ausser, dass et ee Verwonnte gouf.

Back to Top
CIM LOGO