Déi personaliséiert Kriibstraitementer dierfte ville Patienten Hoffnung maachen. Ëmmerhi sinn eng 13.000 Mënschen am Land vu Kriibs betraff.
Zanter 10 Joer gëtt an der Kriibsbehandlung vill op personaliséiert Therapië gesat. Dofir gi bei all Kriibsdiagnos speziell Analyse gemaach. Opgrond vun de Resultater a Konklusioune gëtt d’Zesummesetzung an den Dosage vun den Traitementer vum Patient definéiert. Zil: d’Kriibszelle genee do ze treffen, wou se am Beschte kënne bekämpft ginn. Dat variéiert jee no Krankheetsbild a Patient.
Jee no Kriibszort kann och d’Immuntherapie zousätzlech zur Chimiotherapie agesat ginn. Wéi den Numm et scho seet, hëlleft dës dem Immunsystem, sech ze aktivéieren a sech besser géint de Kriibs ze wieren. D’Immuntherapie ass also eng komplementar Waff zur Chimiotherapie.
Duerch déi personaliséiert Therapien hätten d’Patiente manner Niewewierkungen, dofir awer besser Resultater. Seet den Dr Daniel Jodocy, Onkolog am Chem zu Esch. “Dat féiert dozou, datt se méi laang liewen an och méi heefeg kënne geheelt ginn.”