Bollenduerfer BréckPersoun duerch Bam, deen ëmgefall ass, um Kapp blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg géint 17 Auer ass an der Dikrecher Strooss op der Bollenduerfer Bréck e Bam ëmgefall, op en Auto, dee grad laanschtgefuer ass.
© CGDIS Archivbild

Wéi d’Police matgedeelt huet, gouf d’Persoun am Auto liicht um Kapp verwonnt an huet nach op der Plaz misse vum Noutdéngscht behandelt ginn. Duerno koum d’Affer fir weider medezinesch Ënnersichungen an d’Spidol.

Géint 9 Auer um Dënschdeg de Moie gouf um CR122 tëscht Roudemer an Ouljen ee Cyclist vun engem Auto ugestouss. Secouristen aus Jonglënster waren op der Plaz, Blesséierter gouf et allerdéngs net.

Wéi de CGDIS nach gemellt huet, krute sech kuerz virun 19 Auer e Méindeg den Owend zwee Gefierer op der Escher Autobunn, Héicht Leideleng ze paken. Och hei gouf et ee Blesséierten. Méi Detailer sinn net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO