No Ausernanersetzung zu EschPersoun gouf duerch e Schoss um Bee blesséiert

RTL Lëtzebuerg
D'Police krut e Mëttwoch den Owend gemellt, dass zu Esch an der Rue de l'Église eng Persoun blesséiert gouf, nodeems eng Schosswaff an den Asaz koum.
Beispillfoto
Beispillfoto
© AFP (Archiv)

No enger Ausernanersetzung gouf eng Persoun um Bee verwonnt. De Mann, dee geschoss huet, ass duerno mat engem Auto an eng onbekannte Richtung geflücht. D’Affer gouf spéider vun enger Policepatrull am Spidol ugetraff.

D’Spueresécherung vun der Police gouf op d’Plaz geschéckt an eng Enquête gouf an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO