
Wéi d’Police matdeelt, gouf e Foussgänger vun engem Auto ugestouss, nodeems dësen iwwert d’Strooss goe wollt. D’Affer, en 61 Joer ale Mann, koum ganz uerg blesséiert an d’Spidol, ass am Laf vun der Nuecht u senge schlëmme Blessure gestuerwen.
De Parquet gouf informéiert an huet de Miess- an Erkennungsdéngscht op d’Plaz vum Accident op Zolwer ordonéiert. Och den Auto, deen um Accident bedeelegt war, gouf saiséiert. De Permis vum Chauffeur vum Auto gouf provisoresch agezunn.
Am Asaz waren nieft dem Escher SAMU, och d’Pompjeeën an zwou Ambulanze vu Suessem-Déifferdeng.