Zu Esch-UelzechtPersoun mat Messer blesséiert a méi spéit Poliziste menacéiert

RTL Lëtzebuerg
Méi Patrulle vun der Police waren en Donneschdeg den Owend um Asaz bedeelegt.
© Laurent Weber

En Donneschdeg den Owend koum et zu Esch an der Uelzechtstrooss zu enger Kläpperei, bei där eng Persoun mat engem Besser blesséiert gouf. Den Täter ass dono mat enger E-Trottinett geflücht. Méi Patrulle goufen op Esch geschéckt, fir nom Ugräifer ze sichen, wat hinnen dann och gelongen ass. Bei him konnt e Messer séchergestallt ginn. Wärend d'Polizisten hirer Aarbecht nogoungen, huet de Verdächtege si ëmmer nees menacéiert. E Protokoll gouf géint hien erstallt.

D'Affer konnten d'Beamte vun der Police awer trotz der Sich net lokaliséieren.

Da mellt d'Police nach, datt een en Donneschdeg den Owend zu Bouneweg eng Persoun untreffe konnt, déi duerch e Mandat d'arrêt gesicht gouf. De Mann koum no enger Kontroll beim Dokter an d'Untersuchungshaft op Suessem.

Back to Top
CIM LOGO