PolicePersoun mat oppener Prisongsstrof ermëttelt

RTL Lëtzebuerg
Wéinst Streidereien tëscht e puer Persounen zu Iechternach hat d'Police eng Kontroll gemaach an de Mann dobäi ermëttelt.
© AFP (Archiv)

E Mëttwoch den Owend géint 18.50 Auer hat d'Police Streidereien tëscht e puer Persounen an enger Säitestrooss tëscht der Route de Luxembourg an der Rue des Remparts zu Iechternach gemellt kritt. D'Police huet op der Plaz eng Kontroll gemaach an dobäi gouf eng Persoun ermëttelt, déi nach eng Prisongsstrof vun 9 Méint opstoen hat.

No enger medezinescher Kontroll gouf de Mann op Schraasseg an de Prisong bruecht.

Back to Top
CIM LOGO