Samu op der PlazPersoun op elektrescher Trottinett vun engem Auto ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Um 7.55 Auer e Mëttwoch de Moie war et an der Lëtzebuerger Strooss zu Amber zu engem uergen Accident komm.
Samu / Domingos Oliveira
Samu / Domingos Oliveira
© Samu / Domingos Oliveira

Eng Persoun op enger elektrescher Trottinett gouf hei vun engem Auto ugestouss. D’Asazzentere vu Jonglënster a Luerenzweiler, d’Ambulanz vu Jonglënster an de Samu aus der Stad waren hei op der Plaz.

Iwwerdeems mellt de CGDIS 2 Accidenter, zu deenen et en Dënschdeg den Owend komm war.

Géint 17.30 en Dënschdeg den Owend hate sech zu Schëndels 2 Autoen ze pake kritt. 2 Persoune goufen hei blesséiert.

Op der Plaz waren d’Ambulanz vu Lëntgen an d’Asazzentere vu Mamer a Miersch.

Géint 17.50 Auer waren dunn 2 Autoen zu Steebrécken aneneegerannt. D’Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng an d’Asazzentere vu Monnerech a Schëffleng waren op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.

Back to Top
CIM LOGO