Party am Bambësch opgeléistPersoun trotz méiglecherweis positivem Test op Party ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet um Samschdeg de Moien um 3 Auer eng Party mat 150-190 Leit am Bambësch "Um Siewebueren" opgeléist.

D'Police war informéiert ginn, dass do eng Persoun op der Party wier, déi méiglecherweis positiv op de Covid19 getest gi war. Wéi d'Beamten op der Plaz ukomm sinn, waren do eng 150-190 Leit, vun deenen déi meescht sech net un d'Covid-Sécherheetsreegele gehalen hunn. Just eng Hand voll hat eng Schutzmask un.

D'Party gouf doropshin opgeléist, och wann d'Poliziste sech dowéinst nawell eng Partie Beleidegungen hu musse gefale loossen.

Back to Top
CIM LOGO