
Der Police war géint 10:30 Auer eng Persoun op der Place de la Gare gemellt ginn, déi um Aarm blesséiert war. D'Affer gouf fir eng weider Behandlung an d'Spidol bruecht. Nom presuméierten Täter, dee verdächtegt gëtt, der Persoun dës Blessur zougefüügt ze hunn, gëtt den Ament gesicht. Wéi d'Police eis op Nofro hi confirméiert, ass dobäi och den Helikopter am Asaz. Enr ganz Rei Policeunitéite sinn un der Sich bedeelegt, déi genee Hannergrënn zum Virfall sinn den Ament nach onkloer.