
Um Béchel zu Beeler gouf géint 14 Auer eng Persoun vun engem Trakter ugestouss a blesséiert. Op der Plaz waren d’Ambulanze vu Clierf an d’Pompjeeë vu Wäiswampech.
D’Rettungsdéngschter vu Péiteng goufen iwwerdeem och géint 14 Auer op d’N31 tëscht Nidderkäerjeng a Péiteng wéinst enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer geruff. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert.
Op der A7 tëscht Colmer-Bierg a Schieren goufe géint 15 Auer zwou Persoune blesséiert, wéi zwee Autoen net laanschtenee koumen. Am Asaz waren d’Ambulanzen aus der Fiels an der Nordstad, grad ewéi d’Pompjeeë vu Biissen a Colmer-Bierg.
Zu Keel an der Diddelenger Strooss si géint 16 Auer en Auto an e Camion aneneegerannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Keel versuergt.
Op der N31 tëscht Esch-Uelzecht a Belval koum et zu enger Kollisioun tëscht engem Moto an engem Bus. De Samu vun Esch, grad ewéi d’Rettungsdéngschter vu Suessem-Déifferdeng an Esch waren op der Plaz an hu sech ëm déi blesséiert Persoun gekëmmert.