
Wéi de CGDIS mellt, ass géint 11.18 Auer eng Persoun zu Beetebuerg op der Gare vun engem Zuch ugestouss a blesséiert ginn.
Donieft hat et géint 15 Auer op der N2 tëscht Bous a Réimech tëscht zwee Autoe geknuppt. Zwou Persoune goufe bei der Kollisioun blesséiert an hu misse vun de Rettungsdéngschter vu Réimech an Diddeleng versuergt ginn.
Um Boulevard Raiffeisen am Ban de Gasperich war géint 15.12 Auer en Automobilist mat sengem Gefier accidentéiert. Eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren Ambulanzen an d’Pompjeeën aus der Stad.