22 Prozent vun de Benevollen zu Lëtzebuerg si pensionéiert. Déi iwwer 60 Järeg verbrénge bis zu 10 Stonne pro Woch an enger Associatioun.
Vun all de Benevollen, déi et hei ginn, begleeden 32 Prozent vun hinnen aner Persounen, déi eleng net méi esou gutt eens ginn.
Den Alldag vergiessen, nei Kompetenzen entdecken, säi biergerlecht Bewosstsinn entwéckelen, an dëst andeems ee seng eege Valeure verdeedegt, enger Persoun hëlleft, déi drop ugewisen ass, Leit kenneléiert, oder d'Welt entdeckt. An dëst obwuel een näischt dobäi verdéngt, dofir ass fir vill Leit den Benevolat méi wäertvoll ewéi Suen.