
Et kënnt an der Chamber wuel zu engem weideren ëffentlechen Debat iwwert de Patrimoine. D’Petitioun Nummer 2477, déi sech fir e generelle Moratoire beim Ofrappen an eng automatesch Protektioun fir all Gebai, dat virun 1957 gebaut ginn ass, asetz, huet de virgeschriwwene Seuil vun de 4.500 Ënnerschrëften elo iwwerschratt.