Et kënnt zum ëffentlechen DebatPetitioun fir Referendum iwwer Verfassungsreform bei knapp 5.000 Ënnerschrëften

RTL Lëtzebuerg
D'Petitioun fuerdert, datt soll e Referendum iwwert d'Verfassungsreform organiséiert ginn.
© Shutterstock

Zwou Wochen no hirem Lancement ass se ewell op iwwer 4.900 Signaturen.

Domat ass den néidege Seuil vun de 4.500 Ënnerschrëfte largement depasséiert an et kënnt zu enger ëffentlecher Debatt um Krautmaart iwwert dës Petitioun, wou den Auteur Gérard Koneczny dann och d'Wuert kritt.

Dës Debatt ass awer fréistens an enge 5 Wochen, well d'Leit nach kënnen déi nächst 29 Deeg dësen Text ënnerschreiwen an duerno da mussen d'Ënnerschrëften nach validéiert ginn. D'Petitioun ass nach op bis den 8. November.

Et bleift iwwerdeem beim Kalenner a Saache Verfassungsreform, sou wéi e vun der Chamber festgehale gouf: Mëtt nächst Woch ass deemno en 1. Vott an der Chamber iwwert d'Justiz-Kapitel vun der neier Verfassung.

Back to Top
CIM LOGO