Gemeng NoumerPhilippe Metz, Celia Reckinger a Luc Watgen komplettéiere Gemengerot

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg waren an der Gemeng Noumer Komplementarwalen, bei deene sech 6 Leit fir 3 fräi Plazen am Gemengerot opgesat haten.

Déi meescht Stëmme krut de Philippe Metz (425), dat virum Celia Reckinger (407) an dem Luc Watgen (397). Ufanks gouf gemellt, de Raphaël Stacchiotti wier den Drëttgewielten, et ass awer de Luc Watgen. Domat ass den Noumer Gemengerot elo komplett.

Bei de Gemengewalen hate sech nëmme 6 Leit fir 9 Poste gemellt. Dofir goufen et e Sonndeg Komplementarwalen. Och an de Gemenge Bäerdref a Beefort gouf e Sonndeg op kommunalem Niveau gewielt.

Back to Top
CIM LOGO