An der Majorzgemeng Bäerdref waren d'Gemengewalen am Juni ofgesot ginn, dat wéinst dem Doud vun engem Kandidat.

Zu Bäerdref gouf e Sonndeg also net just eng nei Chamber gewielt, mee och direkt eng nei Gemeng derbäi. Éischtgewielte mat 670 Stëmmen ass de Joe Nilles, virum Ben Streff (513) an dem Marc Wintersdorf (415). Am ganze goufen e Sonndeg hei 9 Conseillere gewielt.

Och nach gewielt gouf e Sonndeg zu Beefort. Do war ee vun de Kandidaten fir d'Walen den 11. Juni net an der Gemeng gemellt, esou datt d'Wale missten nogeholl ginn. Déi meeschte Stëmme sinn hei e Sonndeg un de Jean-Luc Nosbusch mat 817 Votte gaangen, virum Bruno Domingues Grilo mat 784 Stëmmen an dem Lynn Mossong mat 719 Stëmmen. Den Detail fir Beefort fannt Dir hei.

Zu Noumer gouf et e Sonndeg Komplementarwalen, well sech an engem éischten Tour dräi Kandidaten ze mann gemellt haten. Hei leien eis den Ament awer nach keng Resultater vir.