Police warntPhishing-Versuch iwwer falsch Guichet.lu-SMS

RTL Lëtzebuerg
Am Zweiwelsfall soll een den Helpdesk vu Guichet.lu kontaktéieren.

Police warnt viru falsche SMSen, déi dozou opruffen, fir op Guichet.lu kucken ze goen. D’Leit kréie gesot, si géife Suen zréckkréien a gi gefrot, fir op en Internetsite ze goen, deen esou ausgesäit, wéi wann et de Guichet.lu wier. Do soll een dann eng Bank auswielen a LuxTrust-Donnéeën uginn.

Wann een esou eng SMS kritt, soll een op kee Fall op de Link klicken. Et handelt sech nämlech ëm Phishing, wéi d’Police mellt. Onéierlecher probéieren also iwwert dee Wee u perséinlech Daten ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO