Éischt EstimatiounenPIB fält am 2. Trimester 2020 op ee Joer gekuckt ëm 7,8%

RTL Lëtzebuerg
De PIB fält fir dat zweet Trimester vun 2020 am Verglach mat zejoert ëm 7,8 Prozent an ëm 7,2 Prozent am Verglach mam leschten Trimester.

Dat sinn éischt Estimatiounen, déi vum Statec e Freideg de Moie matgedeelt goufen.

Wann een d'Bruttoinlandprodukt an den eenzele Secteure par rapport zum 1. Trimester vum Joer 2020 kuckt, da gesäit een, dass den Ëmsaz vun de Finanzaktivitéiten an den Assurancen ëm 5,5 Prozent ofhëlt. Am Commerce, Transport, Hebergement a Restauratioun ass et e Minus vun 14,7 Prozent, an de Services aux entreprises et Location e Minus vu 6,4 Prozent.

D'Immobilië registréieren e Minus vun 0,3 Prozent, d'Industrie, dozou gehéiert Energie a Waasser, schreiwen e Minus vu 17,7 Prozent, am Bau ass et Minus vun 15,3 Prozent an an der Administratioun publique ass et e Minus vun 2,1 Prozent.

Den eenzege Plus gouf et am Secteur Informatioun a Kommunikatioun mat enger Hausse vun 3,7 Prozent.

Natierlech sinn déi meescht Réckgäng duerch d'Coronavirus-Pandemie z'erklären.

Back to Top
CIM LOGO