StatecPIB geet ëm 0,5% par rapport zu 3 éischte Méint vum Joer zréck

RTL Lëtzebuerg
Mat Bléck op d'Joer virdrun ass d'Bruttoinlandprodukt ëm 1,6 Prozent gewuess.
© RTL Grafik

De Statec huet e Freideg de Moien och seng Estimatioune fir d’Joer no ënne revidéiert. De leschte Berechnungen no ass d’Ekonomie zejoert ëm 5,1 Prozent gewuess amplaz vun 6,9 Prozent, mat deene virdru gerechent gouf.

© RTL Grafik

De PIB ass am zweeten Trimester dëst Joer ëm 0,5 Prozent par rapport zu den 3 éischte Méint vum Joer zeréckgaangen. -8,6 Prozent an der Industrie, -8,7 Prozent am Bau, 1,2% am Commerce an dem Transport. Déi gréissten Hausse gouf et bei de Finanz- an Assurancenaktivitéiten.

Weider Informatioune fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO