
Dat huet de Grupp, Medieberichter no, e Mëttwoch confirméiert. Pictet hat deen Transfert och scho virun 2 Joer géigeniwwer dem Paperjam ugekënnegt. De Magasinn hat deemools geschriwwen, dass Pictet géing 650 Leit op der Lëtzebuerger Banken-, Fongen an Assurancëplaz beschäftegen.
Den Transfert vu Pictet vu Lëtzebuerg op Frankfurt géing net bedeiten, dass de Grupp seng Aktivitéiten am Grand-Duché stoppt. Pictet ass virun allem an der Verméigensverwaltung aktiv.