Zanter dem 1. Januar musse Supermarchée vun enger Gréisst vu 1.500 Metercarré un hire Clienten Infrastrukturen ubidden, fir Pabeier, Kartong, Plastik, Metall, Glas an aner Materialien fir de Recyclage ofzeginn. Dat gesäit eng nei Dispositioun am Offallgesetz vir. Zil ass et, datt d’Kollekt esou einfach wéi méiglech gemaach gëtt an deemno och manner Recycléierbares verluer geet.
Ier déi nei Dispositioun am Offallgesetz a Kraaft getrueden ass, gouf zejoert ënnert der deemoleger Ëmweltministesch Joëlle Welfring tëscht Mëtt Mee an Enn Oktober e Pilotprojet an dräi Supermarchéë lancéiert: Zu Rued-Sir, zu Diddeleng an zu Stroossen.
“D’Quantitéite si ganz geréng, wa mer et proportionell zu de Kollekten, déi et aktuell am Land ginn, vergläichen. Beim Tri musse mer soen, datt deen enorm schlecht ass”, seet de Janssen Liu, Federation Manager vun der FLAD, der Federatioun vun der Alimentatioun an der Distributioun. Bei verschiddene Fraktiounen, Pabeier oder Plastik beispillsweis, géif et besser funktionéieren. Mä et misst nach vill bei der Educatioun vum Tri gemaach ginn.
Den Tri wier ze komplizéiert, et wieren ze vill Fraktiounen. Dat wär och aus engem Sondage am Kader vum Pilotprojet ervirgaangen, seet de Claude Turping, Direkter vun der Valorlux. Dat Ganzt misst aus ekologescher an ekonomescher Siicht Sënn maachen: “Den Impakt vum Transport, wann d’Quantitéite geréng sinn, ass natierlech enorm. Ob de Client elo dat Angebot hei onbedéngt zousätzlech zu de Recycling Parken an der Kollekt vun de bloen Tute brauch, bleift ofzewaarden.”
Allerdéngs weist de Pilotprojet och, datt et manner d’Gréisst vum Supermarché ass, wéi den Typ vu Clientèle, deen den Ënnerscheed mécht. An deem Stroossener Geschäft wär méi Passage-Clientèle, déi éischter spontan e puer Akeef maache géif oder an der Mëttesstonn eppes fir z’iesse siche kéim. Dës Clientë géifen net onbedéngt Offäll am grousse Stil matbréngen, seet de Claude Turping.
Anescht wéi zum Beispill d’Clientèle vum Supermarché zu Rued-Sir, déi mam Auto hir Akeef fir d’Woch maache kéim.
Quantitéit a Qualitéit wären hei besser, betount de Paul Rasqué aus dem Ëmweltministère. De Recycling-Eck zu Rued-Sir ass ënnen am Parking. Opfälleg, datt ganz vill blo Valorlux-Tuten hire Wee heihinner fannen. Obwuel dës jo eigentlech zwee mol de Mount virun der Hausdier ofgeholl ginn:
“Et gesäit een, datt eben net all d’Leit vläicht Plaz doheem hunn, fir Valorlux Tuten oder aner Fraktioune laang doheem ze stockéieren. Oder se vläicht och net vill Quantitéiten hunn, datt se soen: ‘eng Poubelle fir déi do Fraktioun lount sech eben net.’”
Verschidde Liewensëmstänn géifen deemno verschidde Besoinen ervirruffen. Deene wéilt ee gerecht ginn, heescht et aus dem Ëmweltministère. Stéchwuert “Complementaritéit” mat de Ressourcen-Zentre vun de Gemengen, déi och d’FLAD fuerdert. D’Federatioun an den Ëmweltministère wëlle mat de Gemenge kucken, ob a wou Besoine bestinn, fir zesummenzeschaffen.
Ee Beispill fir Complementaritéit ass de Recyclingcenter an engem Supermarché um Houwald, e fréiere Pilotprojet vun der Superdreckskëscht. D’Gemeng Hesper wëll dem Bedreiwer vun hirem Ressourcen-Zenter d’Méiglechkeete ginn, fir d’Personal um Houwald do ze halen. Dat huet den Hesper Buergermeeschter Marc Lies RTL op Nofro hin confirméiert. Dee klenge Recyclingcenter um Houwald géif dee groussen zu Izeg vill entlaaschten.
“Do gesäit een ongeféier, datt awer och an där Infrastruktur, wann d’Leit sech dru gewinnt hunn, substantiell Quantitéiten zesummekommen”, notéiert de Paul Rasqué.
Fir d’Federatioun vun der Alimentatioun an der Distributioun iwwerdeems ass kloer: D’Gréisst vu 1.500 Metercarré dierf net als Krittär gëllen, fir e Supermarché ze obligéieren ee méi extensive Recycling-Eck opzestellen. Och misst d’Zuel vu gesammelte Fraktioune limitéiert ginn.
Et gëtt deemno an den nächste Wochen nach vill ze diskutéieren an ze decidéieren... an eventuell och den Artikel am Offall Gesetz z’iwwerschaffen.