D'Piratepartei huet um Samschdeg hiren éischten Bilan no enger Chambersessioun gezunn. Conclusioun vun den zwee Deputéierten: et wier een och ganz fläisseg gewiescht. De Sven Clement zum Beispill huet um Krautmaart déi meescht parlamentaresch Froe gestallt. 90 Stéck zënter Oktober 2018 an och den Marc Goergen kënnt mat 69 Questions parlamentaires an d’Top 5.
An der Chamber géing ee versichen, konstruktiv Oppositiounsaarbecht ze leeschten, soen déi zwee Piraten. D'Partei wënscht sech am allgemengen eng méi eng grouss d‘Biergerbedeelegung. Zum Beispill wann et ëm Verfassungsreform geet. Op wéi engem Wee d’Bierger sech solle matabréngen, kënnen d’Piraten nach net definitiv beäntweren. Kloer wier awer, datt iwwer Walrecht, d’Walbezierker an d’Verdeelung vun den Setzer misst geschwat ginn, seet de Sven Clement. Och den Cumul vun den Mandater wier esou en grousst Thema, iwwert dat reegelméisseg diskutéiert gëtt, ouni datt awer eppes géing geschéien.
D'Piraten hunn dann och zwee nei Projeten offiziell virgestallt. Iwwert den Internetsite www.fro.lu kann vun dësem Samschdeg un all Bierger seng Parlamentaresch Fro un d'Regierung stellen. D'Pirate leeden d'Question parlamentaire an der Chamber virun. An och den zweeten Projet baséiert op engem Internetsite. Am Hierscht soll d'Säit www.dengstëmm.lu online goen. Op dësem Site kënnen d’Leit am Virfeld zum Beispill iwwer Gesetzesprojeten ofstëmmen.