DuPont Teijin FilmsPlan de maintien dans l'emploi fir 160 Salariéeën ënnerschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem wéilt een de Plazenofbau bei DuPont Teijin Films mat Departen an d'Pensioun, Outsourcing oder Formatiounen offiederen.
© Domingos Oliveira / RTL

Bei der Firma DuPont Teijin Films gëtt et en Accord fir e sougenannte Plan de maintien dans l’emploi (PME) ëmzesetzen. Dat deelen d’Gewerkschaften OGBL an LCGB mat. DuPont Teijin Films confirméiert den Accord an engem Schreiwes en Donneschdeg a preziséiert, datt de PME vum 1. Mee 2023 un a Kraaft ass.

De Plan de maintien dans l’emploi gouf fir 6 Méint an 160 Salariéeën ënnerschriwwen, déi riskéieren, beim Industriebetrib hir Aarbecht ze verléieren. Et ass virgesinn de Plazenofbau ënnert anerem mat Departen an d’Pensioun, Outsourcing respektiv Formatiounen ofzefiederen an esou sec Entloossungen ze verhënneren.

D'Schreiwes vun DuPont Teijin Films iwwer de Plain de maintien dans l'emploi.

Back to Top
CIM LOGO