Projet SüdspidolPlanning-Team vun HTE äntwert déi aner Woch op d'Virwërf

Roy Grotz
Kee konkreten Timing, oniwwersiichtlech Käschten an Zuelen an e Vertrauen, dat net méi gi war: D'Responsabel vum Chem hunn de Wiener vill reprochéiert.

Natierlech interesséiert awer och d'Vue vum Büro, déi mer nogefrot hunn an um Dënschdeg eng Äntwert kruten.

Deemno steet an dësem Schreiwes un RTL, datt d'Planning-Team vum Konsortium mam Numm HTE d'nächst Woch op all Froen an enger "faktueller Äntwert" wäert agoen.

Dëse Fact sheet soll Faite "kloerstellen" an d'Erfarunge mam Chem bannent de leschte 6 Joer erëm ginn - heirop dierft ee gespaant sinn.

Zum Planning-Team gehéieren nieft dem Wiener Architekte-Büro och d'Lëtzebuerger Ingenieurs-Büroe Schroeder&Associés a Felgen&Associés - de Siège ass zu Märel.

De Projet Südspidol gëtt iwwerdeem lo eng weider Kéier nei ausgeschriwwen; de Chantier dierft fréistens 2030 fäerdeg ginn. De Käschtepunkt fir d'Fusiounsspidol chiffréiert sech - elo emol - op 542 Milliounen Euro.

Back to Top
CIM LOGO