Och zu Lëtzebuerg ukommPolice a Parquet warne viru geféierlechem Internet-Phänomeen

Claude Zeimetz
Police a Parquet hunn e Mëttwoch de Moien en Abléck an eng däischter Welt ginn, déi sech am Internet, besonnesch op de soziale Reseauen an de Gaming-Plattforme verstoppt, an déi et op Kanner a Jonker ofgesinn huet. Och zu Lëtzebuerg.
© AFP Archivbild

Police a Parquet wollte kuerz virum Ufank vun der Grousser Vakanz oprëselen an opklären. Konkret geet et ëm en nach relativ neien, weltwäite Phänomeen vun extremer, sadistescher Gewalt. D'Täter agéieren am Internet a probéieren hir Affer via Erpressung zu Gewaltdoten unzestiwwelen. Dat ka vu Brandstëftung, iwwer Déierequälerei bis hin zu sech selwer ritzen oder carrement ëmbrénge goen. Dat ganzt wa méiglech och nach gefilmt a verbreet am Internet. Mam Zil, sou de Procureur d'Etat aus der Stad David Lentz, fir Chaos ze stëften an d'Affer z'entmënschlechen. Dacks géif mat Symboler aus dem rietsextreme Milieu oder och satanistesche Symboler operéiert ginn.

Éischt Fäll zu Lëtzebuerg, awer keng "base légale"

D'Lëtzebuerger Autoritéite kruten déi éischt Dossiere vun dësem Phänomeen vum sougenannten "extremistesche gewalttätegem Nihilismus" och hei am Land gemellt a wollten haut d'Ëffentlechkeet a besonnesch och d'Elteren alarméieren. Dëse Phänomen géif sech an de leschte puer Joer rasant verbreeden. Ma Police a Parquet feelen déi néideg juristesch Moyenen, fir dogéint virzegoen, sot d'Kristin Schmit vun der Police e Mëttwoch de Moien op der Pressekonferenz. D'Fro wier, wéi vill Fäll ee scho verpasst hätt...

Den Internet dierft kee rechtsfräie Raum sinn, huet de Procureur David Lentz betount. Et géif opfalen, datt Länner, déi vill mat sou Fäll konfrontéiert waren, elo op de Wee vun enger Alterslimitatioun op de soziale Medie goe wëll. Dat wier awer eng politesch Fro, zu där sech de Parquet net äussere wëll. De Parquet huet awer sengersäits eng Gesetzpropositioun beim Justizministère era ginn, fir méi effikass kënne géint sou Erpressunge virzegoen.

Geforen am virtuelle Raum gi chronesch ënnerschat

Wa fréier jidderee säi Kand virum frieme Mann an der wäisser Camionnette gewarnt hätt, vun deem ee keng Séissegkeeten dierft unhuelen, missten haut d'Elteren verstäerkt kucken, wat hir Kanner online maachen an op méiglech Warnzeechen uechten, déi en Indice kéinte sinn, datt hiert Kand a sou e Reseau erageroden ass. Sech isoléieren, Wiesensverännerungen, schlechte Schlof, Gewaltverherrlechungen.

D'Täter hätten et dacks op klassesche Plattformen oder Gaming-Sitten, wou déi Jonk ënnerwee sinn, verstäerkt op vulnerabel Kanner a Jugendlecher tëscht 8 a 17 Joer ofgesinn. Jonker, déi mental Problemer hunn, Iessstéierungen oder suizidär sinn. Duerch Manipulatioun gëtt fir d'éischt Vertrauen zu de Jonken opgebaut, hinnen eng Wäertschätzung ginn (déi se soss am Liewe vläicht net hunn) fir se da mat der Zäit zu ëmmer méi schlëmme Gewaltdoten ze drécken. Gewalt géint anerer oder géint sech selwer. A verschiddene Reseauen (sougenannte "Com"-Gruppen) kritt een zum Beispill Punkten, jee nodeem wat ee vun "Aufgaben" erfëllt. Dat ka vu Schloe bis hin zum Selbstmord goen.

"En anere Brëll undoen"

Police a Parquet kruten antëscht spezialiséiert Formatiounen, ënner anerem vun Europol. An d'Autoritéite sinn och amgaangen, sech mat Associatiounen ze koordinéieren, déi am Kanner- a Jugendschutz respektiv der Jugendpsychiatrie aktiv sinn. Intern géif een och kucken, ob eenzel Fäll net mat engem "anere Brëll", mat engem aneren, méi groussen Hannergrond gekuckt misste ginn, huet et e Mëttwoch de Moien op der Pressekonferenz geheescht.

De kloren Appell ass op alle Fall, fir verdächteg Saachen ze signaléieren a Plainten ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO