Aarbechte bis 2026Police an neiem Gebai zu Wolz

Marc Hoscheid
Dacks gëtt kritiséiert, datt et bei der Policepresenz am ländleche Raum een Trend no ënne géing ginn.

Zu Wolz ass dat awer net de Fall. An der Ardennestad soll d’Police nämlech nei Raimlechkeete kréien. Fir Plaz ze maachen, muss awer fir d’éischt dat alt Gendarmeriesgebai am Schoulbierg ewechgerappt ginn.

Police a Bildungsministère an neiem Gebai zu Wolz

Dat geet aus der gemeinsamer Äntwert vun de grénge Ministere fir ëffentlech Bauten, François Bausch, a Police, Henri Kox, op eng Question parlementaire vum DP-Deputéierten André Bauler ervir.

Aktuell ass de Commissariat Ardennes an engem Gebai an der Rue du Château ënnerbruecht. Mat Bléck op d’Kapazitéit entsprécht et awer net méi de Besoine vun der Police. Och a Saache Sécherheet an Energieeffizienz wier d’Gebai net méi op der Héicht vun der Zäit.

Dowéinst soll an der Avenue Nicolas Kreins um Site vun der fréierer Gendarmerie een neit Gebai entstoen. Den Thierry Hirtz vun de Bâtiments publics mat den Detailer: “Mir schwätzen do vun enger Surface brute vu 5.150 Quadratmeter, déi sech op zwee Gebaier opdeelen. Nieft der Police, där hire Beräich op 30 Agenten ausgeluecht ass, ass och ee Beräich fir Kollaborateure vun der Education nationale, dat sinn eng 45 Stéck, virgesinn. Mir schwätzen do vun engem Invest vu ronn 22 Milliounen Euro.

D’Aarbechte solle Mëtt 2023 ulafen a ronn dräi Joer daueren. Datt ee Police an Educatiounsministère op engem Site ënnerbréngt, géing doru leien, datt zu Lëtzebuerg Plazen, op deenen ee bauen duerf, rar wieren. Dowéinst géing ee probéieren, d’Terraine maximal ze notzen, dëst natierlech am Respekt vun den urbanistesche Reegelen aus de Gemengereglementer. Datt d’Plaz vum neie Gebai direkt nieft der Primärschoul zu geféierleche Situatioune féiere kéint, wann d’Beamte séier op een Asaz fuere mussen, mengt ee bei de Bâtiments publics net.

“D’Zou- an Ausgäng sinn natierlech sou geplangt, datt se kloer getrennt si vum Schoulberäich niewendrun. Dës Weideren ass d’Avenue Nicolas Kreins eng verkéiersberouegt Strooss. Mir hu virun der Dier zwou Parkplaze fir Gefierer, mat deenen een direkt an den Asaz ka fueren. Déi kënnen direkt an d’Route de Kautenbach erausfueren.

Dat fréiert Gendarmeriesgebai gëtt zanter Ufank 2021 net méi genotzt a kann ouni Problem ofgerappt ginn, et ass nämlech weder um nationalen nach um kommunalen Niveau denkmalgeschützt. Dat aktuellt Gebai an der Rue du Château gehéiert der Wëlzer Gemeng. Et hätt ee schonn Iddien, wéi een d’Gebai notze kéint, nodeems d’Police rausgeplënnert ass, mee wéi dës konkret ausgesinn, wollten d’Gemengeresponsabel awer nach net verroden.

Back to Top
CIM LOGO