
E Mann hat e puer Kleedungsstécker matgoe gelooss, ouni se ze bezuelen. E Sécherheetsbeamte konnt de presuméierten Déif festhalen.
Bei enger Kontroll huet d'Police nach eng Jackett fonnt, déi méiglecherweis och geklaut war. Ausserdeem hat de Mann en Handy aus engem Liwwerwon um Parking vum Akafszenter geklaut.
Déi geklaute Géigestänn konnten hire rechtméissege Besëtzer zeréckginn ginn. De Mann hat Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.