
Dëst war bei der Péitruss zu Hollerech de Fall.
D'Spueresécherung vun der Police ass d'Plaz geruff ginn, fir déi genee Ëmstänn vum Doud ze klären.
Beim Doudesaffer handelt et sech ëm en 59 Joer ale Mann. Et gi keng Zeechen vu Friemawierkung, esou de Policespriecher op Nofro hin. De Parquet huet eng Autopsie ordonéiert an et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.