No Mordmenace géint Ex-PartnerinPolice hëllt Mann, deen 3 Messere bei sech hat, fest

RTL Lëtzebuerg
Géint 18.00 Auer en Donneschdeg den Owend hat eng Fra der Police gemellt, dass hiren Ex-Partner hir gedreet hat, si ëmzebréngen.

De Mann wier ausserdeem um Wee bei si heem. Doropshi war eng Patrull vun der Police ausgeréckt a konnt de Mann an der Géigend vun der Fra hirer Adress zu Déifferdeng kontrolléieren. Am Kader vun der Kontroll, hunn d’Beamten 3 Messeren, déi de Mann bei sech hat, saiséiert.

De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter. Dësen huet en Haftbefeel géint de Mann verhaangen, sou dass dësen op Schraasseg an de Prisong koum

Back to Top
CIM LOGO