Zwee Beamten liicht blesséiertPolice hëlt presuméierten Drogendealer am Garer Quartier fest

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch am Nomëtteg huet d'Police eng Rei Kontrollen am Garer Quartier gemaach. Am Viséier ware Verstéiss géint Drogen- an Immigratiounsgesetzer.
© Police Luxembourg

E puer Persoune goufe kontrolléiert, ee Mann huet probéiert, sech der Kontroll e widdersetzen. Hie gouf immobiliséiert, woubäi zwee Beamte liicht blesséiert goufen.

Bei enger weiderer Kontroll vum Mann huet sech de Verdacht verstäerkt, datt hien een Drogendealer kéint sinn. De Parquet huet ee Scan ordonéiert, bei deem dann och direkt e puer Drogeplomben a sengem Kierper zum Virschäi koumen
De Verdächtege gouf doropshi festgeholl an en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter bruecht. Et gouf ausserdeem ee Protokoll wéinst Rebellioun géint d’Police geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO