Alkohol am SpillPolice huet misse bei enger Ausernanersetzung an der Stad dertëscht goen

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg gouf d'Police géint 1.45 Auer an der Rue des Glacis an der Stad op e Sträit opmierksam.
© Flickr

Déi bedeelegt Persoune missten duerch d’Beamte vunenee getrennt ginn. Ee Mann gouf immobiliséiert. Well hien esou déif an d’Glas gekuckt hat a well hien doduerch eng Gefor fir sech an anerer war, gouf hien no enger medezinescher Ënnersichung an den Arrest bruecht, wou och ee Protokoll geschriwwe gouf.

Um Sonndeg den Owend huet den Alkohol dann och eng Roll an engem Accident gespillt, dee géint 17.25 Auer zu Uewerkäerjeng geschitt ass. Een Auto war an ee geparkte Won geknuppt an ass duerno nees weidergefuer. Eng Policepatrull huet de Chauffer kuerz Zäit drop ugehalen. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall an de Chauffer krut de Fürerschäi wechgeholl.

No den Demarchen um Policebüro wollten d’Beamten de Mann heembréngen. Ënnerwee huet hien allerdéngs ugefaangen, sech aggressiv an onkooperativ géigeniwwer vun de Beamten ze ginn, mellt d’Police e Méindeg. Well de Mann a sengem Zoustand eng Gefor fir sech an anerer gewiescht wier, huet hien d’Nuecht missten am Passagearrest verbréngen.

Back to Top
CIM LOGO