Alkohol um SteierPolice huet nees eng Rei Permisen agezunn

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend gouf der Police géint 23.30 Auer en Auto gemellt, deen a Schlaangelinnen iwwer d'A1 gefuer ass.

Op der Héicht vum Potaschbierg ass den Automobilist du vun der Autobunn erofgefuer. Wéi d’Beamten de Mann kontrolléiert hunn, hu si misse feststellen, datt dëse staark alkoholiséiert war. Hien huet net kooperéiert an ass op d’Beamte lassgaangen. D’Poliziste konnten de Mann immobiliséieren an e koum an d’Ausniichterungszell.

Géint 2.50 Auer an der Nuecht op krut d’Police e weideren Auto gemellt, dee virdru mat engem Taxi kollidéiert war a sech awer aus dem Stëbs gemaach hat. Och hei war bei der Kontroll den Alkoholtest positiv an de Permis war fort.

Och zu Esch an zu Diddeleng hunn Automobilisten hire Permis missen ofginn, well se ze vill gedronk haten.

Back to Top
CIM LOGO