
Sou gouf et en Dënschdegowend an der Rue Jean-Baptiste Gillardin zu Péiteng en Accident, bei dem eng Fuererin d’Kontroll iwwert hiert Gefier verluer hat an an ee geparkten Auto geknuppt ass. Well den Alkoholtest positiv ausgefall war, krut si hire Fürerschäin ofgeholl.
En anere Chauffer krut um fréie Mëttwochmoien um 5 Auer an der Rue du Gymnase zu Dikrech säi Permis wéinst Alkohol um Steier agezunn. Hie war virdrun doduerch opgefall, datt hien an der entgéintgesater Faartrichtung an enger Einban ënnerwee war. En änleche Fall gouf et och an der Rue Alexis Heck. Och hei war e Chauffer an entgéintgesater Richtung an enger Einban ënnerwee, dozou koum, datt hien net richteg ugestréckt war an et Mängel un der Beliichtung vu sengem Gefier gouf. Och hie krut säi Fürerschäin ofgeholl, nodeems den Alkoholtest positiv ausgefall war.
Op der falscher Fuerbunn ënnerwee, war e Mëttwochmoien och e Chauffer géint 6.30 Auer an der Rue de Belval um Belval. Hie konnt gestoppt an engem Alkoholtest ënnerzu ginn, dee positiv ausgefall war. De Fürerschäi gouf agezunn.
E weidere Permis hat e Chauffer zu Esch-Uelzecht och e Mëttwochmoie verluer, nodeems hien iwwert de Boulevard John F. Kennedy a Schlaangelinne gefuer ass an eng rout Luucht ignoréiert hat. Hie konnt an der Rue Neudorf ugehale ginn, wou en engem Alkoholtest ënnerzu gouf, dee positiv ausgefall war.