Zeien hat Persoun mat Leeder gemelltPolice huet Verdächtegen um Daach vun enger Firma zu Diddeleng festgeholl

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg krut d'Police géint 23.20 Auer eng verdächteg Persoun um Terrain vun enger Firma zu Diddeleng gemellt.
© RTL Archivbild

Den Zeien huet ausgesot, dass eng Persoun an der Géigend vum Gebai mat enger Leeder ënnerwee gewiescht wier.

Op der Plaz hunn d’Beamten effektiv déi besote Leeder fonnt, déi widder enger Paart stoung. Weider Patrulle goufen ugefuerdert, fir den Terrain an d’Ëmgéigend ofzespären. Eng vun de Patrullen ass mat Hëllef vun der Leeder op den Daach vum Firmegebai geklommen a konnt do dee gemellte Verdächtegen ausmaachen an him Handschellen uleeën. De Parquet gouf informéiert an de Mann op hiren Uerder hi festgeholl.

Déi um Daach séchergestallt geklaute Wuer gouf saiséiert, souwéi weider geklauten Objeten, déi am Auto fonnt goufen. Et huet sech um Enn och nach erausgestallt, dass géint de Mann e Fuerverbuet besteet an de Won net assuréiert ass. Doropshi gouf och d’Gefier op Uerder vum Parquet séchergestallt. De Mann koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO