9.200 Entitéiten net konformPolice huet wéinst "Registre des bénéficiaires effectifs" Kontrolle gemaach

RTL Lëtzebuerg
Fir déi, déi e Betrib, e Fong, eng Fondatioun oder eng ASBL hunn, ass en antëscht bekannt: de Registre des bénéficiaires effectifs.

Policekontrolle wéinst Registre des bénéficiaires effectifs

Zanter dem 1. Mäerz 2019 muss all Gesellschaft hei am Land gewëss Informatiounen dem Regëster matdeelen, dorënner eben och wien, um Enn de Beneficiaire ass. Dat entspriechend Gesetz gesäit eng Rei Exceptioune vir an ASBLen, déi natierlech net e Beneficiaire kënnen uginn, mussen da soen, wien den Administrateur ass.

Ma Stand 20. Juli dëst Joer, dräi Joer nodeems d’Gesetz a Kraaft getrueden ass, sinn nach méi ewéi 9.200 Entitéiten net konform, sou d’Justizministesch an de Policeminister an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.

Et goufen och scho Strofen ausgeschwat. Aktuell a bis Enn vum Summer gi Police-Kontrolle gemaach, bei Entitéiten, wou schonn eng Verifikatioun gemaach gouf. Am Ganze wieren dat der 437, dorënner 85 ASBLen. Am meeschte ginn awer SARLe kontrolléiert. 82 vun deenen Entitéite krute scho Geldstrofen, déi dëst Joer am Duerchschnëtt bei 3.500 Euro louchen.

D’Aschreiwen an de Registre des bénéficiaires suergt fir kleng Veräiner fir vill Kappzerbrieches a Frust. Esou erzielt de President vun enger ONG am humanitäre Beräich op de soziale Reseauen, datt elo am August dräi Polizisten owes bei hien heem schelle gaange wieren, fir him eng Plainte vum Parquet a seng Rechter virzeliesen. De Mann betount, hie mécht der Police kee Virworf, mee hie reegt sech iwwert de Regëster op, well hien 2020 seng Deklaratioun gemaach hätt, mee net Bescheed gesot kritt hätt, datt dat informatesch net geklappt hätt. Elo kéim hie sech ewéi e Schwéierverbriecher vir a géing sech awer och froen, ob hie sech dat doten nach wéilt undoen.

Zweck vum Handelsregëster ass Transparenz am Zesummenhang mam Kampf géint de Blanchiment an d’Finanzéierung vun Terrorismus. An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun der LSAP schreiwen d’Justizministesch Sam Tanson an de Policeminister Henri Kox, datt et nach ze fréi wier, fir Blanchiment oder Finanzéierung vum Terrorismus bei de Kontrolle festzestellen. Wa Gesellschafte fräiwëlleg awer guer keng oder falsch Informatioune liwweren, dat kéint dat en éischte Schrëtt sinn, fir esou e Genre vun Operatiounen duerchzeféieren, sou d’Ministeren. Si mengen awer, datt de Regëster an d’Kontrollen awer Verbriecher kéinten dorunner hënneren.

Back to Top
CIM LOGO