Zu Esch op der Benelux-PlazPolice intervenéiert no Drogendeal

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg am Nomëtteg waren enger Patrull vun der Police zu Esch-Uelzecht op der Benelux-Plaz 2 Männer, déi sech verdächteg verhalen haten, opgefall.
Police
Police
© Police

D’Beamten hate si doropshi observéiert a konnte gesinn, wéi ee vun deenen Zwee deem aneren Droge verkaf huet.

Wéi d’Police béid Männer kontrolléiert hat, hate si eng Tut mat Cannabis beim Keefer séchergestallt. Bei enger Perquisitioun um presuméierten Dealer senger Adress, konnten d’Beamten 80 Gramm Cannabis an 310 Euro Boergeld saiséieren.

Op Uerder vum Parquet, goufen d’Suen, d’Drogen an dem Mann säin Handy saiséiert an et gouf eng Plainte deposéiert.

Back to Top
CIM LOGO