Abréch um Belair an zu LeidelengPolice konnt dräi Abriecherinnen an enger Wunneng festhuelen

RTL Lëtzebuerg
Um Belair konnten Abriecherinne gepëtzt ginn, zu Leideleng gouf eng Enquête lancéiert.

E Freideg am Nomëtteg huet en Awunner gemellt, datt et wuel zu engem Abroch an engem Méifamilljenhaus um Belair an der Stad gouf. Den Awunner war duerch d’Alarmanlag alarméiert ginn. Wéi Beamte vun der Police op d’Plaz koumen, sinn hinnen dräi Fraen opgefall, déi verdächtegt geschéngt hunn. Wéi si d’Fraen duerchsicht hunn, hu si Saache fonnt, déi aus der Wunneng vum Affer geklaut goufen, esou wéi och Material, wat ee fir en Abroch notze kann.

De Parquet huet déi dräi Fraen festhuele gelooss. Si haten e Samschdeg scho Rendezvous virum Untersuchungsriichter, deen Untersuchungshaft ordonnéiert huet.

Direkt an zwee Eefamilljenhaiser ass dann zu Leideleng an der Eecherstrooss agebrach ginn. D’Täter si béid Kéieren duerch eng Fënster, datt si opgebrach hunn, an d’Haiser komm, wou si d’Raim no Wäertsaachen duerchsicht hunn. Ermëttlunge lafen.

Da mellt d’Police nach dräi Permisen, déi agezu goufen. Dat dräi Mol an der Stad. An engem vun dëse Fäll, um Boulevard John F. Kennedy, gouf d’Police geruff, well e Won matten op der Fuerbunn stoung. Wéi sech erausgestallt huet, war den alkoholiséierte Chauffer hannert dem Steier ageschlof.

Um Internetsite vun der Police fënnt een Tipps, wéi een Abréch ka virbeugen

Back to Top
CIM LOGO