No Brand um MierscherbiergPolice lancéiert Zeienopruff

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdegowend an e Freidegmoie waren d'Police an de CGDIS wéinst Bränn, Abréch an Accidenter am Asaz.
© Domingos Oliveira

Zu Miersch gouf no Hallefnuecht e Brand an engem Lager vun enger Baufirma gemellt. D’Police huet an dem Zesummenhang en Zeienopruff lancéiert.

De CGDIS war iwwerdeems dräimol e Freidegmoie wéinst Bränn am Asaz. Zu Rued-Sir huet et an enger Wunneng gebrannt. Zu Biissen waren et Kabelen, déi gebrannt hunn an zu Saassel huet e Kamäin gebrannt. Bei den dräi Bränn ass kengem eppes geschitt.

Méi spéit an der Nuecht, ëm 4 Auer, krut den 113 en Abroch an der Stad gemellt, nämlech an engem Restaurant an der Rue Edward Steichen um Kierchbierg. Den Täter wier duerch eng gekippte Fënster erakomm an hätt Suen aus der Kees geklaut. Hie konnt net gepëtzt ginn.

Den 112 huet dräi Verkéiersaccidenter e Freidegmoie gemellt, mat all Kéiers engem Blesséierten. Em Véierel op 6 ass zu Bäreldeng eng Persoun ugestouss ginn. Op der N7 sinn zwee Autoen ëm 7 Auer anenee gerannt. Eng weider Kollisioun gouf et kuerz virun 9 Auer zu Éiter.

Back to Top
CIM LOGO