An e Schëld geranntPolice lancéiert Zeienopruff no Farerflucht zu Hesper

RTL Lëtzebuerg
Géint 1.30 Auer an der Nuecht op en Dënschdeg koum et an der Route de Thionville zu Hesper zu engem Verkéiersaccident.

Do war en Automobilist mat sengem Won an e Verkéiersschëld gerannt an huet sech dono, ouni de Schued bei der Police ze mellen, duerch d’Bascht gemaach. D’Police geet dovunner aus, datt et sech wuel ëm ee schwaarze Fiat Panda (Baujoer 2016) handelt, dee um viischte Pare-choc beschiedegt ass.

All d’Informatioune si fir d’Police aus der Stad ënnert der Nummer (+352) 244 40 1000 oder per E-Mail: police.luxembourg@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO