
Wärend der ganzer Period vu Fuesent, dat bis de 17. Mäerz, ass d'Police verstäerkt am Stroosseverkéier ënnerwee. Hei si souwuel preventiv awer och repressiv Aktioune geplangt, fir d'Sécherheet am Trafic ze garantéieren an Accidenter ze'evitéieren. Haaptsächlech soll déi iwwerdriwwe Vitess an alkoholiséiert Fuere bestrooft ginn.
Grad ronderëm déi gréisser Fuesmanifestatioune wäerte méi Kontrolle gemaach ginn.