
E Méindeg am Nomëtteg hat d’ITM e Chantier zu Donkels kontrolléiert. Dobäi haten d’Beamten zwee Aarbechter ugetraff, déi engersäits schwaarz geschafft a sech anerersäits illegal um Lëtzebuerger Territoire opgehalen hunn. Nach éier d’Police op der Plaz ukomm ass, war ee vun de Männer geflücht. D’Beamte konnte seng Identitéit awer ermëttelen.
D’Dokumenter, déi hien op der Plaz leie gelooss hat, goufe confisquéiert. D’Police geet dovun aus, dass et sech bei dësen ëm Fälschungen handelt. Déi zoustänneg Servicer vun der Police a vum Ausseministère goufen informéiert an et goufe Mesuren an d’Weeër geleet, fir béid Männer an d’Länner, an deene si sech legal ophalen dierfen, zeréckzeféieren. Ausserdeem gouf en Areesverbuet géint si verhaangen.
En Dënschdeg de Moie war et dann zu Ettelbréck op der Place de la Gare zu engem versichten Iwwerfall op e Jugendleche komm. E jonke Mann hat hien ugeschwat a seng Jackett a seng Turnschong verlaangt. Wéi dee Jugendleche sech geweigert hat, dat ze maachen, huet den Täter op hien ageschloen. Dësen ass awer schliisslech ouni déi gefuerdert Géigestänn geflücht. D’Police huet eng Plainte entgéintgeholl an d’Ermëttlungen an d’Weeër geleet.