
Ee weideren Abroch zu Biergem gouf et an der Grand-Rue an eng Wunneng an engem Appartementshaus en Donneschdeg am Nomëtteg. D’Dier zu der Wunneng war net zougespaart, esou datt den Täter sech mat Bijouen aus dem Stëbs maache konnt.
Zu Biissen gouf am spéiden Donneschdegnomëtteg ausserdeem an zwou Wunnengen an der Cité Albert Raths agebrach. Den onbekannten Täter hat eng Terrassendier opgebrach, fir an d’Wunnengen ze kommen.
Zu Miersch huet en Abriecher eng Fënster vun enger Wunneng ageschloen an huet ënnert anerem ee Laptop matgoe gelooss, ier e geflücht ass.
E weideren Abroch gouf et iwwerdeems en Donneschdeg den Owend an e Keller vun engem Appartementshaus zu Gaasperech an der Route d’Esch.
An all de Fäll huet d’Police en Enquête an d’Weeër geleet.