CGDIS-BulletinFoussgänger ugestouss an dräi Blesséierter bei zwee Accidenter

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsekippe vum CGDIS goufen e Méindeg den Owend op dräi Accidenter geruff, bei deenen am Ganze véier Leit blesséiert goufen.
© Laurent Weber

Zu Nidderkuer an der Avenue de la Liberté gouf géint 17:38 Auer e Foussgänger ugestouss a blesséiert. D'Rettungsdéngschter vum Zenter Suessem-Déifferdeng hu sech ëm d'Persoun gekëmmert.

Zwee Blesséierter gouf et iwwerdeem géint 18:10 Auer bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoen um Boulevard Franklin D. Roosevelt an der Stad. Am Asaz waren d'Ambulanciere vu Mamer an aus der Stad, grad ewéi d'Stater Pompjeeën.

En Asaz fir d'Rettungsekippe vum Zenter Nordstad gouf et dann nach géint 20:57 Auer um CR348 tëscht Waarken a Bierden, nodeems en Auto accidentéiert ass. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO