
De Grand-Duc Guillaume a seng Famill wäerten de Bau an all aner Käschte vun hirem neien Haus um Site op Schlass Bierg integral selwer iwwerhuelen. Ënnert anerem dat gouf dëse Méindeg an der Chamber Budgetskontrollkommissioun gesot. D'Vertrieder vun der Maison du Grand-Duc an de Premier hunn do fir d'Deputéierten de Point iwwert d'Finanze vum Haff gemaach, dee jo an der Suite vum Waringo-Rapport viru 6 Joer reorganiséiert gouf.
"De Grand-Duc ass de Staatschef a fir déi Aufgab uerdentlech kënnen auszeüben, muss hien déi néideg finanziell, administrativ a logistesch Ënnerstëtzung vum Staat kréien", esou de Premier Luc Frieden. Net kloer war an der Vergaangenheet effektiv wat ëffentlech oder privat Aktivitéit war. Bei der neier groussherzoglecher Koppel, déi méi bescheiden optrëtt, stellt sech déi Fro manner.
De Luc Frieden sot: "mir kucken net no hannen, mee no vir" fir et awer nach besser an transparent ze maachen.
Institutionell Aktivitéite vum Grand-Duc sinn zum Beispill Staatsvisitten. Wann de Grand-Duc dann zum Beispill op enger Gedenkzeremonie ass, dann ass dat eng offiziell Aktivitéit. Da ginn et privat Aktivitéite mat Representatiounscharakter ewéi d'Daf vum Prënz François. Réng privat Aktivitéiten, da ass zum Beispill e Familljeniessen oder eng privat Rees.
Vun der Maison du Grand-Duc krute mer gesot, datt zanter Ufank vum Joer de Grand-Duc 216 Aktivitéiten hat. Dorënner 77 institutioneller, 131 offizieller an 8 privater mat Representatiounscharakter. Reng privater goufen et keng ze mellen.
D'Hofmarschall, maréchale à la cour, Sasha Baillie sot, et wier ee matten an engem "Organisatiouns-Entwécklungs-Prozess". Et géing drëms goen, eng ganz kloer Gouvernance op d'Been ze setzen an datt Kompetenzen, Aufgaben, Rollen a Responsabilitéite kloer verdeelt wieren, mä och Objektiver. Si huet ëmmer rëm de Begrëff "Effikassitéit" benotzt.
De President vun der parlamentarescher Budgetskontrollkommissioun, déi elo Budgetsexektutiounskommissioun oder Comexbu heescht, den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana wëll den Drock héich halen: "Et muss ëmmer nogebessert ginn."
D'Budgetskontrollkommissioun hat an engem Rapport ënnert anerem en Inventaire gefuerdert. De Piratendeputéierte Sven Clement sot, hie wier zefridden iwwert d'Fortschrëtter, déi beim Haff gemaach goufen.
D'Deputéiert ware sech no der Sitzung vun der Kommissioun eens, datt lo direkt kee weideren Audit vum Haff néideg wier.