
An den Accident verwéckelt waren en Opel Meriva an de Land Rover Defender, déi an der Mëtt vun der Kräizung net laanschtenee komm sinn. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.
Fir de Verlaf vum Accident ze klären, sicht d’Police elo no Zeien. Wien Informatiounen dozou huet, soll sech beim Policebüro zu Capellen mellen, dat ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 30 1000 oder per E-Mail un Police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu.