Um KnuedlerPolice sicht Zeien no engem Tëschefall an der Stad

RTL Lëtzebuerg
A bei enger Kläpperei a Clausen, waren direkt e puer Persounen unenee geroden.

Um Bord vun enger Manifestatioun e Samschdeg koum et géint 16.10 Auer um Knuedler zu enger Ausernanersetzung tëscht Demonstranten a Passanten. Persounen, déi zu dësem Tëschefall Informatiounen hunn, solle sech bei der Stater Police um +352 244 40 1000 mellen.

A Clausen koum et an der Nuecht op e Sonndeg um 3.10 Auer zu enger Kläpperei tëscht méi Persounen, bei där zwee Leit blesséiert goufen. Éischten Informatiounen no hat eng verbal Ausernanersetzung tëscht véier Persounen dozou gefouert, datt d’Situatioun eskaléiert ass. Ee vun de Bedeelegten ass op de Pawee gefall a gouf schwéier blesséiert. No der Versuergung op der Plaz koum d’Persoun an d’Spidol. D’Ermëttlunge lafen.

Back to Top
CIM LOGO