
Den Auto gouf um 9 Auer moies op de Parking vun den Therme gestallt. Wéi de Besëtzer no enger Stonn nees zeréckkoum, huet hie misse feststellen, dass d'Gefier un der Stoussstaang beschiedegt gouf. Am Bulletin vun der Police steet, dass een dovunner ausgeet, dass de Schëllege fortgefuer ass, ouni sech ëm den entstanene Schued ze këmmeren.
Wien eppes vun dësem Virfall matkrut, ass gebieden, sech bei der Police Réimech ënnert der Nummer (+352) 244771000 oder per E-Mail op Police.REMICHMONDORF@police.etat.lu ze mellen.