
Wéi et am Policebulletin den Dag no der Dot geheescht huet, hätt den Ugräifer Mordmenacë gemaach. Beim Fortgoen hätt hien annoncéiert, sech ëmbréngen ze wëllen. D’Fra koum mat hire Blessuren an d’Klinik.
Elo sicht d’Police no Leit, déi Zeie vum Virfall gi sinn. Speziell sicht d’Police no zwou Fraen, déi kuerz no der Attack op der Plaz waren an den Täter nach kéinte gesinn hunn.
Déi zwee Zeien an aner Leit, déi Informatiounen zu der Dot oder zum Täter kéinten hunn, si gebieden, sech beim Policebüro zu Diddeleng ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 69 1000 oder per Mail (police.dudelange@police.etat.lu) ze mellen.
Wann Dir suizidär oder depressiv Gedanken hutt, da fannt Dir bei SOS Détresse op der Hotline 45 45 45 Hëllef.